Eischt Kapitel vun der Comenius Geschicht / First chapter of the Comenius story

Bei eisem éischte Comenius Meeting am September zu Gerolstein, hu mir decidéiert, dass déi 5 Partnerlänner zesummen eng gemeinsam Geschicht schreiwen. All Land soll ee Kapitel schreiwen an et op Englesch un déi aner Schoule weiderschécken.

D’Montessoriskola Ängelholm huet dat éischt Kapitel geschriwwen.

Et geet em zwee Geschwëster, d’Aila an den Niila, déi mat hiren Elteren an hire Rendéieren a Lapland wunnen. Enges Daags mussen hir Elteren si eleng loossen, well e puer Rendéiere verschwonne sinn a well si se musse siche goen. D’Kanner, déi Lapland nach ni verlooss hunn, kommen op d’Iddi, mam Varjjalit, deem Rendéier, dat hinne bliwwen ass, duerch Schweden an duerch Europa ze reesen.

Do erliewen si dann allerlee Aventuren.

D’Enseignanten hunn dat éischt Kapitel, an deem d’Aila, den Niila an de Varjjalit duerch Schwede reesen, op franséisch iwwersat an hire Schüler aus dem Cycle 4.1. virgelies. Parallel dozou hunn si de Kanner op Google Maps deenen 3 hiren Itineraire (mat Fotoen) gewisen.

Am Uschloss un des Virliesaktivitéit, goufen d’Schüler a Gruppe gedeelt an hunn déi eenzel Deeler vum Text gemoolt.

An enger nächster Phase ginn d’Kanner aus dem Cycle 4.1. an d’Cyclen 2 an 3, fir de Schüler do d’Geschicht op däitsch, mat Hëllef vun de Biller, déi se gemoolt hunn, ze erzielen.

As we decided during our first meeting in Gerolstein, Sweden started to write the first chapter of our common Comenius story. The story is about Aila and Niila, two siblings coming from Lapland. These kids have never been outside Lapland and they decide to travel through Sweden.

The swedish school sent us this first chapter in English and we translated it into French. The teachers from Cycle 4.1. read out the story to their pupils and showed them the different places, Aila and Niila, travelled to, on Google Maps and on pictures.

Afterwards, the text was divided in different parts and the pupils in groups. Each group had to draw the situations that are described in the story.

In a next step, our older pupils will read out the first chapter of the adventures of Aila and Niila to the younger ones in German. They will also show the pictures they drew, while they will be reading out.

Unbenannt 6 Unbenannt 7