Comenius Day in Schifflingen

Méindes, den 10. März 2014 sinn déi méi aal Kanner vu Gerolstein a vu Posterholt bei eis op Schëffleng op Besuch komm.

Dee flotten Austauschdaag huet moies ugefaangen, andeems d’Kanner sech a klenge Gruppe duerch Spiller kennegeléiert hunn. Dono krute si vun hire Lëtzebuerger Kolleegen d’Schoul gewisen a mir hunn all zesummen zu Mëtteg giess. No desem flotte Moien, waren Grouss a Kleng hongreg an hunn sech d’Geméiszopp a Eisekuche gutt schmaache gelooss.

Unbenannt 8 Unbenannt 9

Nom Iessen ass et op eng Zäitrees zeréck bei d’Réimer gaangen. Mir hunn zu desem Thema e Rallye duerch Schëffleng organiséiert.

Leider huet och missten dese schéinen Dag op en Enn goen an d’Kanner aus Däitschland an Holland hunn sech géint halwer 5 erem zeréck op de Wee gemaach.

On Monday, March 10th, the older pupils from Gerolstein and Posterholt visited us in Schifflange.

In the morning, when they arrived, the kids got to know each other by playing together in small groups. Then, their Luxembourgish friends showed them their school. After this nice morning, everybody was hungry and enjoyed the good vegetable soup and the waffles.

After lunch, the kids travelled back in time to the Romans. We organized a rallye through Schifflange about this subject.

Unfortunately, all good things come to an end and our friends from Germany and the Netherlands returned home at around 4.30.