Logo Wahl

Am November 2014 hunn déi 5 Comenius Partnerschoulen e Concours organiséiert, fir e gemeinsame Logo fir eise Projet erauszesichen. An der Albert Wingert Schoul hunn d’Klasse vum Claudia Bock a vum Fanny Christophory (Cycle 4.1.) bei dësem Concours matgemaach. All Schüler aus deenen 2 Klassen huet zum Thema „Stories all over Europe“, also „Geschichten duerch Europa“ e Logo gemoolt oder gebastelt. Duerno hunn d’Enseignanten, déi um Comenius Projet Deel huelen, dee schéinste Logo erausgesicht. An der AW Schoul huet d’Laura Lauricella mat sengem Logo gewonnen.

Unbenannt

Ufank Dezember hunn déi 5 Partnerschoulen sech géigesäiteg hir intern Gewënnerlogoe geschéckt. An dëser leschter Phase vum Concours hunn d’Schüler dann de Haaptgewënner gewielt.

Grousse Gewënner gouf de Comenius Logo vu Gerolstein. De Schëfflenger Logo ass op déi gutt 2.Plaatz komm. Felicitatiounen u Gerolstein a Bravo Laura!

Unbenannt1