Swedish pupils visit Luxembourg

Vum 9.-11. Mee 2014 si 4 schwedesch Schüler aus der Montessoriskola Ängelholm, zesumme mat hiren Enseignanten Lena a Gustav op Lëtzebuerg op Besuch komm. D’Kanner hu beim Julie, beim Fabio, beim Jacques a beim Emma geschlof an d’Enseignanten waren an engem Hotel ënnerbruecht. De Gaaschtfamillen soe mär iwwer dëse Wee nach eemol villmools Merci!

Unbenannt 10

D’Schwede si freides, den 9. Mee an der Mëttesstonn ukomm an et ass zesummen mat de Kanner aus de Gaaschtfamilien, e puer Elteren a mat der Comeniuséquipe zu Mëtteg giess ginn. Um 2 Auer sinn eis Gäscht mat an d’ Albert Wingert Schoul gaangen, wou si un de Konschtatelieren Deel geholl hunn an d’Schoul gewise kruten. Um 5 Auer huet et da geheescht, mat an d’Famillen ze goen, wou all Famill sech selwer eppes fir déi kleng Gäscht afale gelooss huet.

Samschdes moies hunn d’Gaaschtfamillen, déi schwedesch Enseignanten an d’Comenius Equipe sech um Knuedler getraff, wou eis Visite guidée vun der Stad lassgaangen ass.

Nom gemeinsame Mëttegiessen an der Stad, sinn d’Kanner mat hire Gaaschtfamillen Souvenire kafe gaangen.

Sonndes moies war Rendez-vous am Kloterpark zu Diddeleng. Grouss a Kleng huet sech super amuséiert. No deem Effort huet sech misste gestäerkt ginn. Dofir hu mär an der Schoul zesumme gegrillt.

Nodeems eis schwedesch Frënn erëm gutt bei sech doheem ukomm waren, huet d’Lena, de Kanner hir Léierin, sech nach eemol gemellt, fir eis matzedeelen, dass de Weekend zu Lëtzebuerg eng super Erfahrung fir si war an dass si nach eemol géife Merci soen, dass si esou gutt empfaange gi sinn.

From the May 9th to May 11th, 4 Swedish pupils visited Luxembourg with Lena and Gustav, two of their teachers. The kids stayed in hostfamilies.

On Friday, our Swedish guests arrived for lunchtime. We had lunch in a pizzeria, where the kids already met their luxembourgish partners. At 2 p.m., the Swedish pupils participated in our art class and their Luxembourgish partners showed them the Albert Wingert school.

At 5 o’clock the kids went home with their hostfamilies and spent the evening and the night there.

On Saturday, the whole group met on „Place Guillaume“ where we started our guided tour through Luxembourg City. After lunch, the kids did a little bit of shopping, especially to buy souvenirs from Luxembourg.

On Sunday, the kids and the adults went climbing in an adventure park. Everybody had a lot of fun. After this effort, everybody was hungry and came to school, where we had a nice barbecue together.