Paris students visit Luxembourg

Den 10. Juni koumen 85 Paräiser Kanner eis op Lëtzebuerg besichen. Och eng 50 vun eise Schüler hunn, an der Vakanz, moies um hallwer 11 de Wee an d’Schoul fonnt, fir hir Bréiffrënn kennenzeléiren. Merci all deene Kanner, déi an hirer Fräizäit bei eisem Austauschdag matgemaach hunn!Moies hunn eis Schüler deene Paräiser d’Schoul gewisen, dunn hunn si am Schoulhaff zesumme gespillt an picknickt. Nom Mëttegiesse si mer dunn all an d’Stad gefuer, wou mer e Rallye gemaach hunn an d’Kasematte besicht hunn. Bei deem fantastesche Wieder, konnten eis franséisch Frënn eis Haaptstad vun hirer schéinster Säit kenneléieren.

Géint 5 Auer hunn déi 6 Gruppen sech op der Piratespillplaz getraff a mir hunn eis scho missten Äddi soen.

Déi Schëfflenger Kanner si mat hiren Enseignanten zeréck op d’Gare gaangen an d’Paräiser hunn op der Spillplaz nach e bësse vum gudde Wieder profitéiert, ier si hier Heemrees mam TGV ugetratt hunn.

On June 10th, 85 pupils from Paris visited us in Luxembourg. Also around 50 pupils from Schifflange found their way to school, although they were on holidays. Special thanks to these pupils for having participated to the exchange during their free time! J

In the morning, our pupils showed our school to their friends from Paris, then they played together in the schoolyard and ate their picnic. After lunch, we drove to Luxembourg City by train, where we did a rally and visited the casemates. The wonderful weather allowed our French friends, to discover our capital in the most beautiful way.

At 5 o’clock, all the kids met again at the playground and it was time to say goodbye. The Luxembourgish pupils and their teachers went back tot he train station, while the French group stayed a little longer on the playground, where they enjoyed the good weather before they had to take the TGV to go back home.